![]() |
Fanfare Huncherange-Noertzange-Fennange |
||
|
|
|||
|
D’Fanfare Hunchereng-Näertzeng-Fenneng besteet am Moment aus engen 25 Musikanten. Och wa mir Fanfare heeschen, spille mir dach mëttlerweil an Harmonie-Besetzung, an esou sinn all Instrumenter bei eis wëllkomm. Mir prouwen all Mëttwoch ab 19.30 am Musekssall am Centre Culturel zu Hunchereng. Am Laf vum Joer hu mir eng ganz Rei Aktivitéiten: · 5 bis 10 Concert’en an der Gemeng an auswäerts, dee wichtegsten ass fir eis de Cecilie-Concert am November, · Cortègë fir Nationalfeierdag an d’Journée de la Commémoration Nationale, awer och fir d’Kommioun oder fir de Klees’chen z’empfänken, · Hämmelsmärsch an deenen 3 Dierfer, · Halleffaaschten organiséiere mer e Bretzelsemzuch, wou mer Fuesmusek spillen an de Leit Bretzelen ubidden, · den 1. Mee maache mer den traditionelle Meekranz, deen duerno natierlech gefeiert gëtt, · Museksfest, · Mir maachen all Joer en Ausfluch an e Fräizäitpark (Europapark, Eifelpark…). Heiansdo stinn och gréisser Ausflich un: 2009 ware mer op Flaibano an Italien, Jumelage-Partnerstaat vun der Gemeng Beetebuerg, wou mer d’Processioun zu Éiere vun der helleger Filomena begleet hunn, an duerno e Concert am gudd gefëllte Festzelt gespillt hunn. Des Optrëtter wäerten eis nach laang an Erënnerung bleiwen. · …
Niewt der « grousser » Musek hu mir och eisen Ensemble, wou eis jonk a manner jonk Ufänger einfach Stécker zesumme prouwen, an esou léieren, zesummen ze musizéieren. Dësen Ensemble prouft mëttwochs vun 18.45-19.30h, an huet och e puer Optrëtter am Joer. Eis Schüler léieren hir Instrumenter an der „Ecole Régionale de Musique“ vun Diddeleng. Mir verléinen natierlech déi Instrumenter, déi an der Musek gebraucht ginn.
Zousätzlech bidde mir e Cours am „Eveil Musical“ fir Kanner vu 5-7 Joer un. Hei kréien d’Kanner op eng spilleresch Art a Weis en éischte Kontakt mat der Musek. Den Eveil Musical ass ëmmer samschdes vun 17-18h, a gëtt geleet vum Carine Gindt-Uhres a Christiane Gindt-Baltes. Dëse Cours gëtt an Zesummenaarbecht mat der der „Ecole Régionale de Musique“ vun Diddeleng organiséiert, sou datt Kanner déi 2 Joer am Eveil Musical waren, direkt an der Musekschoul en Instrument léiere kënnen.
Wann Dir oder Är Kanner interesséiert sidd fir bei ons matzemaachen oder en Instrument ze léieren (well dofir ass et ni ze spéit), da kommt einfach mëttwochs an eng Prouf oder samschdes an e Cours kucken, oder kontaktéiert eis ënnert fanfare(at)fanfare.lu.
|
|||